To go - No, no

Dobaussen

320.000 Kaffeebecheren gi pro Stonn an Däitschland benotzt an eweg geheit. Ween elo denkt: ‚Jo an, dat ass aus Pabéier a gëtt recycléiert‘, den huet sech léider duebbel giert. Éischtens ass d’Recycléieren net d’Zil vum nohatlge Liewensstil an zweetens kann een déi meescht Becheren iwwerthaapt net recycléieren well se aus enger Meschung vun Plastik a Pabéier bestinn an déi zwee Stoffer net méi getrennt kënne ginn. Fir dës Becheren ze produéieren gi normalerweis Beem am norde vun Europa gefällt, fir dann a Südostasien transportéiert a veraarbescht ze ginn, fir am Endeffekt ërem an Europa zréck geschéckt ze ginn – och den Emmissiounsofdrock an de virutelle Waasserundeel vu sou engem Kaffisbecher ass also horent. An dat fir de Becher am Schnëtt 15 Minutten ze brauchen … Si mir éierlech: dat muss net sinn.

Eng ganz einfach Léisung ass hei, säin eegene Becher matzehuelen. A ville Bäckereien a Coffeeshops kritt een och well e klenge Betrag ofgehal, wann ee säin eegenen Becher matbrengt. Oppasse muss een hei, dass ee net an d’Bambusfal tappt. Oft bestinn dës Becheren zu iwwer 50% aus Plastik a ginn op änlech Aart a Weis veraarbescht ewéi Plastik, sou dass och d’Bambusbecheren Gëftstoffer ofginn, wann ee warmt Gedrenks dra mëscht. Am bäschten ass e Becher aus Edelstol. Deen hellt och de Gout vum Kaffi net un, an et kann ee mol Téi dra maachen.

 

 

Praktesch wir et natierlech och, wa ma wéi an Däitschland de ReCup, e Pfandsystem fir Kaffisbechre kréien. Änlech ewéi d’Ecobox, misst ee net ëmmer säi Kaffisbecher mathuelen mee et kann een en ausléinen géint e puer Su an no Gebrauch ërem zréck ginn. Mee ech hu Mir vun der Ministesch soe gelooss, dass esou e Projet amgaang ass op d’Been gestallt ze ginn.

To Go gëtt et awer net nëmme beim Kaffi, mee och bei villen Iesssaachen. Sou kann een a ville Patisserien, Bäckeren a Caféen en Angebot un Muelzechten, déi am Plastik verpak sinn: Vu Jugurt mat Müsli, iwwert Zalot zu Breidecher an d’Sandwichen. Och wann ee vläit op der Plaz ësst, kritt een hei säin Iessen am Plastik servéiert. Fir dat ganzt ofzerënnen kritt een dann op munche Plazen och nach Plastiksbesteck. D’Begrënunng ass oft, dass ee soss ze vill Spull hätt. Mee därs hätt ee sech misse bewosst sinn, wou een e Café opgemaach huet. Mat dem richtegen Spullmëttel ass spullen nämlech net emwëltverschmotzend, Plastik leider schon. Hei musse nach vill Leit leiern, dat laangwiiregt d’Zil ze gesinn an dass ee leider net ëmmer de bequeme Wee wiele kann – bzw. ee sech dann zumindest de Konsequenze muss bewosst sinn. Op esou Plazen am bäschte nofroen, firwat et munch Saachen net einfach am lassene ginn, z.B. wann ee säi Breitchen op der Plaz wëll iessen.

Ween am Summer, oder och emol am Wanter, gäre seng Glass ësst, bestëllt déi am bäschten am Cornet. Wann een se awer am Becher hëllt, kann een säi Lëffel vun doheem mathuelen. Si ma éierlech: su e klenge Lëffel hëllt net wierklech vill Plaz an engem Kuerf oder enger Posch eweg

Entw├ęckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES