Iwwert Mech

Ech sinn d’Joy, 22 Joer al a Studentin op der Uni Tréier – Master Germanistik / Gender Studies. Meng Intresse si breed: vu Sport, Speedskaten a Musik iwwer liesen, Opmierksamkeet a Selbstschätzung bis Gläichberechtegung a natierlech Nohaltegkeet. Wee sech elo denkt: Mee wat schreift e Germanist dann iwwert Nohaltegkeet, huet net ganz onrecht dat ë bësse skeptesch ze kucken. Hei zou e fräit Zitat vun engem vu menge Proffen, dat mech dozou inspiréiert huet meng Fäegkeeten fir aner Themen anzesätzen ewéi fir d’Germanstik: Als Germanist gëtt ee geléiert sech Problemer unzekucken, Froen ze stellen, Aussoen ze hannerfroen, ze recherchéieren, Texter ze verstoen, verschidde Meenungen ze debattéieren a sech dann dorauser seng eege Meenung ze bilden an de Sachverhalt op eng verständlech Aart a Weis ërem ze ginn, sou dass och een et novollzéie kann, dee net onbedengt an deem Berräich kënneg ass. Mir gi net geléiert ze wëssen, mee geléiert wou ee Wësse fënnt a wéi een domadder emgeet. An dat ass fannen ech eng vun deene schéinste Fägkeeten, déi ee kann hunn, well een einfach immenz flexible gëtt. Gläichzäiteg krut ech duerch mäi Studium een Iwwerbléck iwwert d’Evolutioun vun der Gesellschaft, an et fällt op: d’Welt gëtt emmer méi grouss a gläichzäiteg hunn d’Leit ëmmer manner Plaz, de Liewenstempo gëtt vun Epoch zu Epoch méi séier an huet ganz ennerschittlech Auswirkungen op d’Natur, de Mensch (kierperlech an emotional) an tëschemënschlech Bezéiungen, eist Konsumverhalen, d’Aart wéi mir reesen a kommunizéieren ass an engem stänneche Wandel – déi eenzeg Konstant ass d’Verännerung

An deene läschte Joeren ass och an der Gesellschaft an an der Politik ëmmer méi e Bewosstsinn dofir entstanen, dass eis Emwelt sech verännert. Flëss a Felder si verknascht vu cheemesche Offallproduiten ëwéi Plastik, Faarw, Pestiziden oder Benzin. Vrun allem an Entwecklungslänner spiert een och scho wéieng Auswierkungen dat op d’Gesondheet an d’Enwecklung vum Mensch huet. D’Konsequenze vun der Emwëltverschmotzung si soumadder Krankheet, Ärderwärmung, Naturkatastrophen a villes méi. Oft ginn déi folgend Grënn fir d’Ëmweltverschmotzung an d’Ärderwärmung uginn: ze vill CO2 austrëtt duerch ze vill Autoen, Heizen oder Killen, ze vill Energie déi gebraucht gëtt fir Luucht, Computeren an aner elektresch Aparater, ze vill Plastik dee konsuméiert gëtt an iwwerhaapt ze vill Konsum, ze vill fir eweg ze geheien. A genee hei läit den eigentleche Problem: Mir sin eng Konsumgesellschaft, eng Wegwerfgesellschaft, eng Gesellschaft an där alles séier muss goen. Déi dräi Faktoren sinn de Kär duerch deen en eegenen Auto mat deem e flexible a séier enerwee ass, To-Go Konzepter a Fast-Fashion sech konnten duerchsätzen – mee elo spiere ma ëmmer besser d’Konsequenze vun deem Verhalen. Wa ma also wierklech eppes wëlle veränneren, da geet et net duer op der Oberfläch ze soen: mir benotzen elo manner Plastik. Natierlech ass dat en Ufank, mee fir laangfristeg Resultater, muss all Mensch sech seng Gedanken driwwer maachen, wat e vum Liewen erwaart a firwat. Ass et da wierklech sënnvoll ëmmer nëmme vun engem Punkt op deen aneren ze hätzen, sech net Zäit ze huelen eppes uerdentleches ziessen oder mat senger Famill oder mat Frënn an der Natur Zäit ze verbrengen? Wa mir wiereklech e Changement wëllen, da musse ma eis ganz vill Gedanken ëm eis Prioritéite maachen.

Well mir an enger Gesellschaft liewen, déi vu Leeschtungsdrock, erhéichtem Liewenstempo a Massekonsum geprägt ass, déi eis Ëmwelt an eis selwer futti mëscht ass Du d’Welt an Ech e Blog, iwwert e ganzheetlecht Verständnis vu Nohaltegkeet, Eierlechkeet, Gesondheet, Bewosstsinn, Opmierksamkeet, Transparenz a Balance. Wärend Eierlechkeet, Transparenz, a Balance relativ einfach verstan misste ginn, ass de Bëgrëff vun der ganzheetlecher Nohaltegkeet eventuell fir vill Leit nei. Dat ass och normal, ech hunn dee Bëgrëff nämlech erfonnt. Déi meescht Leit géingen de Bëgreff Nohaltgkeet wuel mat der Natur an Emweltfrëndlechkeet a Verbindung brengen. An dat ass mir och e ganzt wichtegt Thema, ëmmerhin ass dat am Moment ee vun deene gréisste Probleemer. Mee an enger Gesellschaft an där de Liewenstempo an de gesellschaftlechen Drock ëmmer méi héich gëtt, ass Nohaltegkeet menger Meenung no e Konzept, dat och op aner Beräicher muss ugewandt ginn ewéi op d’Natur an d’Emwelt: nämlech op eis selwer, eise Kierper, eis Emotiounen an eis Psych. Gemengt ass domadder, een ausgeglachenen a gesondene Liewensstil ze feieren an duerch Opmierksamkeet sech selwer géijeniwwer e Bewosstsinn fir sech schafen: wéini si meng Batterie platt, wat maachen ech gäre fir se opzelueden. Mat wéienge Leit sinn ech gären zesummen a wéieng Aktivitéite maache mech frou? Léieren ‘Nee’ a ‘Stopp’ ze soen, ze soe wat ee gären hätt an e gesonden Egoismus ze entwécklen, si Saachen, déi menger Meenung no wichteg si fir #happyanhoufreg ze sinn, well just ween glécklech ass, kann der Welt och eppes zréck ginn. A just wa ma eis Idee lass ginn, ëmmer alles musse séier ze maachen an ërem méi Spontanéitéit a Kreativitéit an Eisen Alldag loossen, kënne ma ee Punkt areechen an deem en Auto, iwwermoosege Konsum a Plastik iwwerflësseg gëtt.

Entw├ęckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES