Fir Restauranten a Caféen

Dobaussen

Och Restauranten a Caffée mussen déi nächst Méint iwwert eng Verännerung an hire Betriber nodenken. Zwar hu se fir Schallimoen an Plastiksbesteck nach bis 2021 Zäit. Mee oft fënnt sech déi perfekt Léisung net direkt. Et ass also schon elleng aus dem Aspekt geschäit sech fréi iwwert Alternativen ze informéieren. Sou ginn et Ubidder fir Glasschallimoen, déi extra op d’Problemer an d’Besoien vu grousse Betrieber aginn. Hei kann ee sech secherlech beroden loossen.

Fir Member bei der Ecobox, der Iniativ Fill-Up an hoffentlech och geschwënn vum Pfandkaffibecher ze ginn ass sëcherlech och eng nohalteg an attraktiv Iwwerleeung.

Opwuel ech dogéint sinn biodegradable Produiten a Recyclage als Endléisung ze gesinn, ass et fir e Betrib sëcherlech eng gutt Iwwergangsléisung. Hei muss een awer opppassen. Just wëll biodegradable oder recyicléierbar enzwug drop steet, heescht dat net, dass et automatesch geschitt. Denn Term biodegradable ass leider net definiéiert, an esou ass et besser sech hei bei verschiddene Produiten nach eemol driwwer ze informéieren, wat dann elo wierklech doamdder gemengt ass. Beim recyclage sidd zum groussen Deel Dir dofir verantwortlech, dass de recicléierbare Produit an déi richteg Poubelle flitt fir dass en déi bäschte Chance huet, wierklech recycléiert ze ginn. Wat ech och nach ze bedenke ginn: schwarz Barkette kann d’Recycléiermaschinn oft net vum schwarze Lafband ënnerscheeden. Esou gi vill recicléierbar Barketten op d’Mülldeponie geheit. Sech fir aner Faarwen ze entscheeden ass net méi deier, awer vill wärt.

Ganz flott ass et da natierlech nach wann een eng Retsch vum Angebot am lassenen ubitt, also net scho virverpak ass, an de Client esou selwer de Choix huet fir kënnen no enger Tut ze froen, et op der Plaz ouni Verpackung ziessen oder seng eege Kescht matzebrengen, déi e vun doheem matbruecht huet.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES