Waasserfläschen

Dobaussen

D’Waasser ass warscheinlech de wichtegste Rostoff, dee mir op dësert Erd fannen. Mir hei zu Lëtzebuerg hunn d’Chance dass ma a bal all Gebäi kënnen d’Krunnewaasser drenken. Ausser um Flughafen, wou et wirklech ganz grässlech geschmaacht huet, hat ech nach ni e Problem e Krunn ze fannen a meng Waasserfläch opzefëllen. Zu deem gëtt et zu Lëtzebuerg d’Iniativ Refill, bei där Restrauent gratis de Client hir Waasserfläschen opfëllen. Firwat ass et iwwerthaapt esou wichteg, fir vun de Plastiksfläschen eweg ze kommen? Éischten brauch ee fir eng Plastiksfläsch ze produzéieren, brauch een ca. ee Véierel vun der Fläsch an duebel esou vill Waasser (Soulbottle: Eine Küche ohne Plastik). De virtuelle Waasserundeel deen ee brauch fir eng Fläsch ze produzéieren ass also ërem een immenz wichtegen Aspekt. Zweetens sinn an enger Plastiksfläsch Weichmacher a Chemikalien dran, déi un d’Flëssegkeet an der Fläsch an och un d’Emwelt Gëftstoffer a Mikroplastik ofginn (Soulbottles: Plastik sparen unterwegs). Wann een dann nach bedenkt, dass am Moment pro Minutt eng Millioun Plastiksfläsche produzéiert ginn, (Soulbottles: Plastik sparen unterwegs) dierft jidferengem kloer sinn dass dee negativen Impakt vun der Plastiksfläsch op eis Gesondheet, eis Ressourcen an eis Emwelt einfach ze grouss ass. Wat vill Leit ausserdeem net bedenken, ass, dass sech vill Déieren an deene Reng, déi ronderem de Fläschenhals vun de Plastiksfläsche sinn, verfänken an sech immenz wéidinn oder sugur dru stiewen.

 

 

All dat sinn also Grënn fir eng eege Fläsch vun doheem matzebgrenen an um Krunn opzefëllen. Ween tortzdeem net iwwerzeegt ass, ka vläit nach mam finanzielle Volet eppes ufänken. Sou spuert eng véierkäppef Famill zu Lëtzebuerg 1500 Euro am joer, wa se am Plaz vu Waasser a Plastiksfläsche Waasser vum Krunn drenkt.

Et ginn immenz vill flott a praktesch Fläschen ze kafen, wou een och z.B. e Filter dran huet fir Uebst oder Téi drann ze fëllen. Sou kann een och mol méi peppegt Waasser drenken. Ech perséinlech empfeelen ëmmer Fläschen aus Edelstol oder Glas. Sidd Ierch beim Glas awer bewosst, dass een se net iwwerall dierf mathuelen.

 

Soulbottle: Eine Küche ohne Plastik. [09.03.2019] https://www.soulbottles.de/soulblog/soul-love/6-tipps-fuer-eine-kueche-ohne-plastik-less-plastic-is-fantastic?fbclid=IwAR2K2oWSaqCkAjNzD0iW5X3OE8741rsl8wLPoCd6fdI-Dvg5ecp8gEwaRGQ

Soulbottles: Plastik sparen unterwegs. [09.03.2019] https://www.soulbottles.de/soulblog/soul-love/plastik-sparen-unterwegs-so-klappt-s-less-plastic-is-fantastic.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES