Déi Saach mam Schallimo a plastikfréi Alternativen

Dobaussen

De Schallimo aus Plastik ass ee vun deene Produiten, déi am heefeschsten bei Botzaktioune fonnt ginn. Elleng an Däitschland gi pro Joer 40 Millioune Schallimoen aus single-use Plastik gebraucht (vgl. soubottles). Vill vun deene Schallimoen landen och am Mier, wou se vun Déiere giess ginn, oder sie sech iergendwéi dra verfänken. Ween de Video vun der Deckelsmouk, déi de Schalimo muss aus der Nues gezu kréien, wat fir si eenorm vill Peng ass, nach net kennt, ka sech gäre selwer vun de negative Konsequenze vun eisem Schalimoskonsum iwwerzeegen (https://www.youtube.com/watch?v=4wH878t78bw). Opwuel et fir 2021 soll verbuede ginn, musse mir elo schon drop verzichten bzw. einfach emdenken, ëmmerhinn ginn et wëll Schalimoen aus Glas an Edelstol, déi ee spulle kann. Well wa ma bis 2021 waarde sinn dat elleng an Däitschland nach eemol 120 Millioune Schallimoen, déi

verwend ginn.

 

 

Soulbottles: Plastik sparen unterwegs. [09.03.2019] https://www.soulbottles.de/soulblog/soul-love/plastik-sparen-unterwegs-so-klappt-s-less-plastic-is-fantastic.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES