Single Use am Restaurant, an der Kantinn oder um Concert

Dobaussen

An der Mëttespaus an de Restraunt oder an d’Kantin iessen ze goen ass secherlech näicht ongewéinleches an oft méi emweltfrendlech, well hei manner am Plastik agepak ass ëwéi a munche Fast-Food Restauranten oder Patisserien. Trotzdem kann een hei nach op déi eng oder aner Gewunnecht oppassen.

Sou kann een och am Restaurant ‚Nee‘ zum Schalimo soen, a säin eegene vun doheem matbrengen wann een dann awer ee braucht.

Zumools an der Kantin ass et wichteg net direkt am Ufank 20 Servéiten aus dem Spender ze zéien. Iwwerleet mol op Dir déi wierklech braucht an huelt dach fir den Ufank mol just eng.

Wou et immenz schwéier ass op Plastik ze verzichte si Concertshalen, Festivalen an am Park. Hei ass et verbuede Gedrenks am Glas ze verkafen an zumools a Concertshalen dierf ee säin eegent Gedrenks net mathuelen. Hei muss dringend u Léisunge geschafft ginn! Zumools an der Rockhal verstinn ech net, dass d’Gedrenks vun enger Plastikfläsch an e Plastiksbecher geschot gëtt. Déi nächste Kéier wärt ech mir e Becher mathuelen, géint dee wärt wuel kee kënnen eppes soen. A wann ech duuscht hu ginn ech ma op fd’Toillette ee Becher Waasser sichen.

Entw├ęckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES