Iessen um Märtchen

Dobaussen

Wee geet net gären op de Märtchen oder op d’Fouer? Ech definitiv schonn. Leider sinn esou Veranstaltungen oft eng eenzeg Dréckusammlung. Hei hëlleft et fir no Stänn ze kucken, déi hiert Iessen a Kartron verpaken, och wann dat leider net ëmmer super emwëlt frendlech ass, ass et besser ewéi Plastik. Frot och no, op Dir net d’nächste Kéier är eege Kescht kéint matbrengen. Aus hygienesche Grënn ass dat am Moment verbueden. Wat d’Stännbesëtzter awer méi matkréien, dass d’Nofro fir emweltfrëndlech Alternativen do ass, wat se sech éischter Gedanken driwwer maachen eng Alternativ ze fannen.

Bei Couverten ass et scho méi einfach. Amplaz d’Messer an d’Forschette aus Plastik a Plastik verpak um Stand matzehuelen, an dann am Endeffekt just d’Forchette ze brauchen, hëllt ee sech seng Couverte vun doheem mat. Nach eng stofften Servéit dobäi, a scho vermeid een an all Hisiicht säin Dreck wann et em Couverte geet. Och e Stréihalem as Glas oder Edelstol kann een da nach dobäi maachen an och hei ‚Nee Merci‘ soen, wann ee Gedrenks bestëllt. Seng Couverten, säi Schallimo a seng Servéit kann een zudeem an engem flotten Etui verstauen, dat ee sech selwer bitzt oder keeft. Wann een heemkënnt ginn d’Couverten an d’Spull an den Etuit an d’Wäsch an Är Posch bleift propper.

Entwéckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES