D'Ecobox a Pfandsystemer

Dobaussen

Fir den To-Go Trend ze duerchbriechen géing och e Pfandsystem hëllefen. Zu Lëtzebuerg hu ma dat well mat der Ecobox. Sou kann ee sech an enger Rëtsch Restrauenten säin iessen an eng Ecobox pake loossen, wann een et gäre mathëllt. Et bezillt e 5 Euro Pfand, spullt d’Ecobox doheem eng Kéier aus an kritt seng 5 Euro zréck wann ee se ofgëtt. Dobäi ass et net wichteg a wéiengem Restaurant een se ofgëtt, su laang e Member vum Ecoboxprojet ass.

En änlechen System kéint och mat Kaffisbechere funktionéieren. Wann een dann eng Kéier an der Poche keng Plaz méi huet fir säi Kaffisbecher, oder e vergiess huet, kann een e Pfandbecher froen, et bezillt een e puer Euro méi, an d’selwecht ewéi bei der Ecobox, brengt een de Becher wann ee ferdeg ass zreck – keen Dreck, keng Verpakcung, keng Emstänn a keng Emkäschten.

Op der Table Ronde zu Suessem de 4. März hunn ech d’Madamm Ministesch gefrot, op et net méiglech wir genee esouee System zu Lëtzebuerg anzeféieren a krut déi positiv Äntwert, dass esou ee Projet amgaang wir ausgeschafft ze ginn.

Entw├ęckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES