E wonnerschéine gudde Moien. Als éischt emol, schéin dass du de Wee op meng Säit font hues! Ech sinn d’Joy, 22 Joer al a studéieren Germanistik. Duerch mäi Studium krut ech iergendwann een Iwwerbléck iwwert d’Evolutioun vun der Gesellschaft, an et fällt op: d’Welt gëtt emmer méi grouss a gläichzäiteg hunn d’Leit ëmmer manner Plaz, de Liewenstempo gëtt vun Epoch zu Epoch méi séier an huet ganz ënnerschittlech Auswirkungen op d’Natur, de Mensch (kierperlech an emotional) an tëschemënschlech Bezéiungen, eist Konsumverhalen, d’Aart wéi mir reesen a kommunizéieren ass an engem stänneche Wandel – déi eenzeg Konstant ass d’Verännerung.

An esou enger Gesellschaft, muss een oppassen, dass ee net ze séier mat dréint, soss gëtt et engem séier dronken oder mol schlecht. Dofir halen ech ganz fest un engem nohaltegen, ausgeglachenen a laangfristegen Ëmgang mat eise Resource fest. Domadder mengen ech net nëmmen d’Resourcen, déi mir aus der Natur kréien, mee och eis egen emotional a kierperlech Ressourcen.

Fir e nohaltegen Liewensstil si menger Meenung no verschidde Konzepter wichteg, zum Beispill Zero Waste, Gesondheet (Beweegung an Iessen), Balance, Stressmanagement, Entschleunigung a Bewosstsinn. De gesellschaftlechen Drock ass vrun allem bei Jugendlechen immenz grouss, an et ass heinto schwéier an deene ville verschiddene Stëmmen, déi engem soen wéi ee sech fillen, undoen a schminke soll, erauszefannen, wat ee wierklech well, a wat ee just nomescht.

Op dëser Säit wëll ech genee déi Konzepter virstellen. D’Idee ass op enger fester Säit Tipps an Tricks fir méi e nohaltegt Liewen ze ginn an iwwert d’Emwelt an Eisen Afloss drobber ze informéieren. Donierft hunn ech enn Instagram- a Facebookaccount an dir fannt mech och op Pinterest, wou ech meng Ideeën an d’Ideeën vun aneren, déi ech bewonneren, deelen. Du fënns mech also iwwert e puer Medien!

Mee lo genuch vu mir. Ech hoffen du fënns hei vill nei Inspiratioun a Wëssen, a wanns du nach Informatiounen, Froen oder Ideeën hues, da mëll dech gäre bei Mir!

Entw├ęckelt an entworf bei DAPINDUSTRIES